FOXY BOX Roboter Lampion
D'FOARWEN DÉI DER KRITT SI SËLWER, GOLD A BRONZE!!!
Dëse Kit enthält alles wat ee brauch fir EE LAMPION (30CM) ze bastelen.
Denkt drun bei der Unzuel esou vill unzeginn wéi der Kanner an der Klass hutt.
ET ASS KEE MODELL DERBÄI.
VU DASS ECH ËMMER MÉI BESTELLUNGE KRÉIEN, ASS ET NET MÉI MÉIGLECH FIR D'KLASSEN, D'FORMEN ALL OPZEZEECHNEN,
DÄR KRITT DOFIR SCHABLOUNEN... SORRY... ;)
FIR KLASSEN DE CODE "ECHHUNNENGKLASS" AGINN A 15% SPUEREN.
(Weg Produkter déi privat bestallt ginn, getrennt vun der Klassebestellung maachen.)
Enthalen ass
Kartonkëscht
Glacebengel
3 Päifestëppler
2 déck Pärelen
12 Pärelen
1 Holzhäerz
2 déck Pompons
1 Stéck rout Strohseide
Moossgummi
Acrylfoarf
(DE ROBOTER ASS NET ËMMER SËLWER, PER ZOUFALL KRITT DER OCH BRONZE ODER GOLD. D'KLASSE KRÉIEN DÉI 3 FOARWEN!!!)
Net enthalen:
- Schwaarzen Montana Acrylstëft (fir d'Konturen)
https://www.savvyfox-lux.com/product-page/acrylst%C3%ABfter
- Distress Oxide fir d'Baken
https://www.savvyfox-lux.com/product-page/distress-oxide-festive-berries
LIWWERUNG / DISPONIBEL AB...
PICK-UP: D'FOXY BOX KANN AB DEM 18. JANUAR BEI MÄR OFGEHOLL GINN. (GRATIS)
LIWWERUNG: D'FOXY BOX GËTT SONNDES, DEN 19. JANUAR VU MÄR PERSÉINLECH GELIWWERT (6€).
POST: D'VERSCHÉCKE PER POST, WÄERT MÉINDES/DËNSCHDES, DE 20/21 JANUAR GEMAACH GINN, DH ÄR SAACHE MISSTEN DE 21/22 JANUAR BEI ÄRCH SINN. (6-10€)